|
Getting There?
Jiddereen den op den Euro Weekend kennt as fir seng eegen Uress zoustanneg. Sot eis w.e.g beim Umellen Bescheed wini a wei dir ukommen wert!
Hei eng kleng Iwwersiicht iwwert d`Meiglechkeeten fir op London ze kommen.
Fliiger
Et gin 5 Flughafen an der Emgeigend vu London, dat heescht aer Meiglechkeeten si grouss.
Dei verschidde Flughafen sin Heathrow, Gatwick, Stansted, Luton a City.
Well der wahrscheinlech as ville verschiddenen Ecker vun Europa wert kommen, as et onmeiglech fir all Flich opzezielen dei der keint huelen, dofir musst der selwer bessi kucken wat fir iech am einfachsten as an eventuelle am bellegsten.
Eng gudd Hellef dobei as den site www.skyscanner.net. Gidd einfach a vu wou der wellt fleien an als destination London (any), an de Site sicht iech all meiglech Flich eraus mat Preisser (och low-cost wei Ryanair an easyJet)
Hei just e puer Infoen zu denen verschiddene Flughafen fir iech den Choix mei einfach ze man.
Heathrow a City Airport
sin am nosten vu London an dir kommt am einfachsten a bellegsten an d’Stad mam Underground (Heathrow) oder DLR (City)
Gatwick
as mei weit ewech an et kennt een mam Zuch bis op London (Victoria oder London Bridge station)
Stansted a Luton
sin am weitsten eweg an do fleien och dei meeschten belleg Airlines hin. Mee et brauch een awer emmer eng Stonn mam Zuch oder Bus bis op London.
Falls de nach Froen sollt hun iwwert Fliigeren oder wei der op London kommt, zeckt net a frot eis.
Zuch
Et kann en och mam Eurostar op London kommen, Zich kommen op der St. Pancras International Station un. Den Eurostar fiiert vun Parais, Breissel an Lille. www.eurostar.com
Useful Links
www.skyscanner.net (fir ze kucken wei der kennt fleien)
www.heathrowairport.com
www.gatwickairport.com
www.stanstedairport.com
www.londoncityairport.com
www.london-luton.co.uk www.eurostar.com
www.tfl.gov.uk (Transport for London, London Underground and Buses)
Wa soss nach froen sin, committee@slsb.lu |